Nom Motto "Zesumme si mir staark" ass d'Vereenegung Lipödem Lëtzebuerg matt enger Equipe um "The Color Run 2017" zu Iechternach gestart. Mir sinn immens houfreg driwwer, datt déi betraffe Fraë bestäerkt goufe vun hire Memberen. Mir soen eise Memberen e grousse Merci dofir. D'Vereenegung kämpft vir d'Unerkennung vun der Krankheet Lipödem an ass frou iwwer all Ënnerstëtzung vun Auswäerts. Mat nëmme 15€ d'Joer kann een eis bei eiser Missioun ënnerstëtzen. Wéi a wisou Member ginn, kënnt Dir hei och nach eemol noliesen: https://www.lipoedem.lu/warum-ihr-alle-mitglied-werden-solltet/
Lipoedem Lëtzebuerg asbl wäert och mat enger Equipe um "Tower-Power Trail" zu Wäicherdang an um "Foyer Light Run" zu Dikrech deel huelen.