Save the date – Journée d’information sur le lipœdème 22.04.2023

Organiséiert, gecancelt, organiséiert, gecancelt, ... Esou ass et an de leschten 2 Jore ville gaangen, déi en Event wollten organiséieren. Och eis ass et esou gaangen an de Mutt huet eis verlooss, eppes z'organiséieren an ze riskéieren alles ofzesoen.

2023 ginn mir et nach emol un, an mir hoffen et klappt dëst Kéier, well et ass esou wichteg dat mir opklären iwwert des wäit verbreeten Krankheet mam Numm Lipödem. Mir schwätzen vun all zéngter Fra déi betraff ass, an Donkelziffer ass grouss. Dëst well der vill Angscht hunn virun der Diagnose, oder des Krankheet einfach falsch verstanen gëtt an des Patienten mat villen Virurteeler kämpfen mussen.

An och esou geet et eis mat der Politik an mat der Krankekeess, wou mir leider net déi Therapien erméiglecht kréien, wei mir dëst bräichten.

Mir klären op!

Den 22.04.2023 fënnt en groussen Lipödem Informatiounsdag statt zu Suessem, deenen et och wichteg ass, dat iwwert des Krankheet opgekläert gëtt, an eis an dësem Projet ënnerstëtzen.

Vun 10 bis 18 Auer ginn hei Virträg gehalen, vun Betraffenen an Dokteren an ville méi. Tëschenduerch kann een sech Informatiounen huelen goen ob deenen verschiddenen Stänn.

Mir géingen eis freeën Dech hei ze gesinn, dofir schreif et an däin Kalenner.

Wëlls Du eis heibäi ënnerstëtzen, wat eis immens freeën géing, wieren mir frou wann s Du dech bei eis mellen géings.

Mir gesinn eis den 22.04.2023.

Mir kommen mat Detailer no.