Et ass rëm esouwäit.
D'nächst Woch geet d'Fouer un a mir géinge vun dëser Geleeënheet gäre profitéiere fir eis Membere kennen ze leieren.
Mir géingen eis fir eng Ronn iwwert d'Fouer treffen. Mir ginn den Tempo de Jiddereen packt a passen den Tour och un. Dono géinge mir eis Been schoune bei engem Aperitif, bis mir schlussendlech dann e Maufel zesummen iesse ginn.
Mir géingen eis freeën hei vill al, mee och vill nei Gesichter ze gesinn a freeën eis drop eis géigesäiteg kennen ze leieren an eis auszetauschen.
Well mir reservéiere wëllen, wiere mir frou, wann dir iech (just Memberen) bis de 25.08 umelle kéint, iwwer Mail. Wann dir mat engem Rollstull kommt, da wier et och gutt dëst ze preziséieren.
Dëst soll keen Hindernis sinn.
Mir freeën eis op iech.
Méi Infoe kritt dir par Mail,wann dir iech umellt.