Ech weess elo schonn dat der vill Dobausse vun iech genervt sinn an denken "Schonn erëm en Artikel iwwer Lipödem". "Post dat schonn erëm iwwert seng deck Been."
Dobäi geet et mir just em Opklärung. Lipödem ass eng ganz wäit verbreete Krankheet mat enger grousser Donkelziffer, well vill net dozou stoe wëllen a kennen.
Gehänselt an de Geck gëtt mat eis gemaach. "Dat mat den decke Been". Mir si ganz normal Mënschen, an net Jiddereen de Lipödem huet ass deck. Dofir fannen ech dat gehässeg wei ganz vill Leit dobaussen iwwert des Patiente schwätzen a soumat ganz vill Betraffener keng anstänneg Diagnose an Therapie erméiglecht kréien.
Huelt iech Zäit a liest hei ganz éierlech Wieder aus engem Liewen a maacht iech en richtegt Bild iwwert des Krankheet.
Professionell opgekläert gi kënnt dir op eisem Informatiounsdag am Abrëll zu Suessem. Kommt laanscht a schwätzt eréischt géint dës Krankheet, wann dir iech och richteg informéiert hutt.