Organiséiert vum Nadia Schenk a Sandrine Colling vun der Sectioun Norden hu mir zesumme matt 4 Staffelen 21 Leit zesumme kritt, déi fir eis ASBL gelaf sinn, ënnert dem Motto "Zesumme si mir staark!". Mir sinn draimol platzeiert ginn: 5.,8., an 9. Plaz!
Mir hunn déi Opmierksamkeet erreecht, déi mir wollten, an alleguer eis Leefer a Leeferinnen ware méi wéi zefridden matt der flotter Ambiance! Mir waren e staarkt Team!
Mir soen eise Sponsoren villmools Merci fir d'Flyeren an d'T-Shirts: Le Fleuriste, Machines Agricoles Vosman, Sani Design an Décors Welte!
Nëmme wann eng Hand dei aner wäscht, komme mir virun.