Ladies Run 2018 – Save The Date!

De 14. Abrëll 2018, fënnt zu Dikrech de Ladies Run 2018 statt.

Mir hate leschten Oktober schon um Ladies Run zu Ettelbréck deelgeholl an hunn Iech an eisem Review dovun erzielt. Nierft der Participatioun un der Course konnte mir och en Info-Stand opriichten an eis Flyeren an d’Starter-Bags leeën.

Bei der Dikrecher Editioun waert e bëssen anescht sinn wéi zu Ettelbréck: et gëtt eng «Nature Edition» wou de Parcours méi duerch de Bësch an d’Natur geet. Et besteet och nierft den zwou Lafstrecken, d’Méiglechkeet e Mountainbikeparcours ze mattzemaachen.

Wat NET ännert: et bleiwt e Ladies Run, exklusiv fir Fraen, also d’Zielgrupp fir eis Opklärungsarbecht. All Participante dierfe vun all de proposéierten Avantage profitéieren. Mir dierfen och nees en Infostand opriichten a Flyeren an d’Starter-Bags leeën.

Sidd Dir gäre matt dobai dëst Joër ? Fir ze trëppelen, ze laafen oder mam Mountainbike ze fueren, oder fir bei eis um Info-Stand ze hëllefen?

Da meld Iech ganz gäre bei mir oder op info@lipoedem.lu.

Mir freeën eis rieseg iwwer all Ennerstëtzung!