Vill Lipödem Frae leiden ënner dreschen, schuppecher an souguer rësseger Haut, ënner anerem wéinst dem Droe vun der FS Kompressioun, déi d’Fiichtegkeet aus der Haut zitt an déi dann immens beusprocht.
Dëst ass ee wichtegt Thema bei der Behandlung vum Lipödem a Virbeugung vu Komplikatiounen.
Wéi eng Komplikatioune kënnen optrieden ?
Eng vun den heefegsten ass d’ « Wundrose ».
Wundrose ass eng Hautkrankheet, déi duerch Bakterien ausgeléist gëtt. Duerch kleng Wonnen ob der Haut kënne Bakterien andréngen. De Kierper versicht déi Bakterien ze bekämpfen an dann entsteet eng Entzündung an der Haut. Eng Wundrose kann sech relative schnell ausbreeden, wat zu enger Schiedegung vum Lymphfloss féiere kann.
Wichteg ass also, eng reegelméisseg Hautpfleeg, am beschten Owes, wann een d‘ Kompressiounsstrëmp aus deet.
Een Produit mat deem ech perséinlech imenz gutt Erfarunge gemaach hunn, ass de Scrubbe vun Lush (unbezahlte Werbung). Et ass ee Peeling, déi di ofgestuerwen Haut ewech hëlt, zousätzlech mat Hunneg a Kakaosbotter d’Haut fleegt an hydratéiert.
Mat wat fir engen Produiten hutt dir Är Erfarunge gemaach ?