Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Ladies Run 2018

14. April 2018@15:00 - 19:00

€18

De 14. Abrëll 2018, fënnt zu Dikrech de Ladies Run 2018 statt.

Mir hate leschten Oktober schon um Ladies Run zu Ettelbréck deelgeholl an hunn Iech an eisem Review dovun erzielt.

Dëst Joër ass eng «Nature Edition» wou de Parcours méi duerch de Bësch an d’Natur geet. Et ginn zwou Lafstrecken grad ewéi d’Méiglechkeet e Mountainbikeparcours ze mattzemaachen.

De Ladies Run ass exklusiv fir Fraen, also d’Zielgrupp fir eis Opklärungsarbecht. All Participante dierfe vun all de proposéierten Avantage profitéieren. Mir dierfen och dëst Joër nees en Infostand opriichten a Flyeren an d’Starter-Bags leeën.

Sidd Dir gäre matt dobai? Fir ze trëppelen, ze laafen oder mam Mountainbike ze fueren, oder fir bei eis um Info-Stand ze hëllefen?

Da meld Iech ganz gäre beim Sandrine Colling oder op info@lipoedem.lu.

Mir freeën eis rieseg iwwer all Ennerstëtzung!

Details

Datum:
14. April 2018
Zeit:
15:00 - 19:00
Eintritt:
€18
Webseite:
https://ladiesleague.lu/diekirch-2/

Veranstaltungsort

Diekirch
Diekirch, Luxemburg

Schreibe einen Kommentar

Schreibe einen Kommentar