Schnell Hëllef bei Lipödem

Seid 2017 kämpfe mir als a.s.b.l. fir Lipödem-Patienten. Ganz vill Aarbecht stieche mir an d'Opklärung. Mir sti mat Erfarung, a Wësse fir Jiddereen zu Verfügung. Ausserdeem kämpfe mir géint vill Onwëssenheet ronderëm des Krankheet an d'Virurteeler mat deenen des Patientinnen ze kämpfen hunn. Lipödem ass vill méi wei just "deck sinn". Dës Krankheet ass gelëscht ënner ICD10 Stoffwiesselkrankheeten. Dës Krankheet ass chronesch (onheelbar!) an ass verbonne mat vill Péng an Aschränkunge fir Patienten.

Well eis ëmmer erëm nei Patienten uschreiwen, déi einfach iwwerfuerdert si mat der Diagnosen oder Krankheet selwer an dem Remboursement. Och well net genuch iwwert des Krankheet geschwat gëtt an Dokteren och ganz oft iwwerfuerdert an onwëssent sinn.

Fir deenen et méi einfach ze maachen, hunn mir probéiert eppes zesummen ze bastelen: