Seit 2017 kämpft die Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. für die Annerkennung der Krankheit Lipödem. Ausserdem kämpft die Vereinigung für eine angemessene Behandlung, seitens der CNS.
Viel erreicht haben wir schon, allerdings sind viele Punkte noch unklar und andere müssen ausgebessert werden.
Wir haben einen Brief an den neuen Minister Herr Claude Haagen verfasst und sind gespannt auf die Antwort.
Lipödem a Lymphödem. Fir déi zwou Krankheete kämpfe mir. Sief et dat se eng Unerkennung kritt dobaussen, mee och dat mir endlech richteg Therapieméiglechkeeten hei a Lëtzebuerg kréien.
Seid 2017 huet de Comité vun der Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. scho vill erreegt. Ma nach ëmmer net esou wei mir eis dat erhoffen a virstellen.
De neie Comité huet sech zesumme gesat an hunn en Bréif opgestallt, den Haut un de Minister gaangen ass.
Mir hunn nach emol e puer Punkten ugeschwat déi eis um Häerze leien, wei dat Lipödem a Lymphödem an d'Lescht vun den "pathologies lourdes" kommen. Domat géinge mir nämlech vill besser rembourséiert ginn.
E wichtege Punkt ass fir eis och d'Lymphdrainage. Wou mir mat den erlaabte Sessiounen net eens ginn an och net mat der Dauer vun enger Sessioun. Ausserdeem wéilte mir d'manuell Lymphdrainagen erëm zu 100% iwwerholl kréien.
Ausserdeem verlaange mir en Remboursement vun 2 Kompressiounen d'Joer mat enger zousätzlecher Wiesselkompressioun.
An och d'Operatioun hunn mir erëm ugeschwat. Bei der een och nach ëmmer net esou rembourséiert gëtt wei mir eis dat virstellen.
Hei fonnt Dir de Bréif:
Leider krute mir bis den 21.12.2022 nach ëmmer keng Äntwerten oder Reaktiounen. Dowéinst huet de Comité entscheet nach emol en Bréif un de Minister Haagen ze schreiwen. Mir hoffen ob eng positiv Äntwert.
Eng Äntwert koum den 23.01.2023