Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. Homepage
Besuchen Sie uns auf Facebook
Menu
  • Home
  • Über uns
    • Gründungsmitglieder und Vorstand
    • Statuten Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l.
    • Mitglied werden
    • My Story
    • Impressum
  • Lipödem
    • Was ist Lipödem?
    • Symptome
    • Diagnose
    • Therapie
      • Komplexe Physikalische Entstauungstherapie (KPE)
      • Operative Therapie
      • Ärzte in Luxemburg
      • Ärzte, Kliniken und Therapeuten in Deutschland
      • Ärzte, Kliniken und Therapeuten im EU-Ausland
      • Kinesitherapeuten in Luxemburg
    • Sekundär- und Begleiterkrankungen
    • Galerie
  • National
    • Kampf um Anerkennung und Therapie
    • Briefvorlagen
    • Ärzte in Luxemburg
  • Veranstaltungen
    • Regionale Treffen und Austausch
    • Nationale Treffen und Versammlungen
    • Konferenzen/Symposien
    • Veranstaltungskalender
  • Medien
  • Links

Ladies Run 2018 – Save The Date!

3. März 2018 by Sandrine Colling Leave a Comment

De 14. Abrëll 2018, fënnt zu Dikrech de Ladies Run 2018 statt.

Mir hate leschten Oktober schon um Ladies Run zu Ettelbréck deelgeholl an hunn Iech an eisem Review dovun erzielt. Nierft der Participatioun un der Course konnte mir och en Info-Stand opriichten an eis Flyeren an d’Starter-Bags leeën.

Bei der Dikrecher Editioun waert e bëssen anescht sinn wéi zu Ettelbréck: et gëtt eng «Nature Edition» wou de Parcours méi duerch de Bësch an d’Natur geet. Et besteet och nierft den zwou Lafstrecken, d’Méiglechkeet e Mountainbikeparcours ze mattzemaachen.

Wat NET ännert: et bleiwt e Ladies Run, exklusiv fir Fraen, also d’Zielgrupp fir eis Opklärungsarbecht. All Participante dierfe vun all de proposéierten Avantage profitéieren. Mir dierfen och nees en Infostand opriichten a Flyeren an d’Starter-Bags leeën.

Sidd Dir gäre matt dobai dëst Joër ? Fir ze trëppelen, ze laafen oder mam Mountainbike ze fueren, oder fir bei eis um Info-Stand ze hëllefen?

Da meld Iech ganz gäre bei mir oder op info@lipoedem.lu.

Mir freeën eis rieseg iwwer all Ennerstëtzung!

Filed Under: Leben mit Lipödem, News

Ladies Run – Review – Oktober 2017

1. März 2018 by Sandrine Colling Leave a Comment

De 14. Oktober 2017, op engem wonnerschéine sonnëgen Hierscht-Samsden, huet eng Equipe vu Lipödem Lëtzebuerg um Ladies Run 2017 zu Ettelbréck deelgeholl.

Wisou den Ladies Run ? De Ladies Run as e Sportsevent wat exklusiv fir Fraen organiséiert gëtt. An en Event wou vill Fraë sinn, ass natierlech och en Event wou Lipödem-Betraffener kéinte sinn, also genau déi Leit, déi mir matt eiser Opklärungsaarbecht erreeche wëllen.

Di 9 Leit déi mattgemaach hunn fir eis Asbl z’ënnerstëtzen, konnte sech eng Streck eraussichen, 5 oder 10 km. Béid Strecke waren e flotten Tour duerch den Zentrum vun Ettelbréck. All Participant konnt vu ville gratis Avantage profitéieren, z.B. war ee Coiffeur op der Plaatz, et konnt ee sech e Make-up oder, no der Course, eng Massage maache loossen.

Mir haten och di grouss Chance een Infostand duerfen ze hunn an op enger optimaler Plaatz stoen ze kënnen, direkt nierft dem Start/Ziel vun der Course, do wou ganz vill Leit laanscht gaange sin. Sou hate mir och richtege Succès, vill Leit si kucke komm, hu Froë gestallt a ware richteg interesséiert. Mir konnten och vill Leit erreechen doduerch datt eis Flyeren och an den Starter-Bags vun all de Leeferinnen dra waren.

No dem Event konnten d’Participanten alleguer zesummen den Owend gemittlëch ausklénge loossen, mat enger Kippchen op enger ganz exklusvier Plaatz.

Mir hunn zesummen e richteg schéinen Dag verbruecht an ech soen, am Numm vum Comité, e riese grousse MERCI un all di Leit déi eis ënnerstëtzt hunn.

IMG_1911
IMG_1912
IMG_1913
IMG_1914

Och dëst Joër waerte mir nees eng Equipe matt Info-Stand zesumme stellen, fir de Ladies Run 2018. 

Informatiounen, wéi Dir kënnt mattmaachen, kommen an deene nächsten Deeg no.

Filed Under: News

NEWSLETTER-ANMELDUNG:

Sie erhalten eine Benachrichtigung per Email wenn es Neuigkeiten auf unserer Webseite gibt.

Copyright © 2018 · Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l.